Lucie Kunakova

Moien,

Mäin Numm ass Lucie Kunakova,

Gebuer sinn ech 1973 an der Tschechoslowakei.

Zënter 1996 liewen ech zu Lëtzebuerg an hunn 2003 déi Lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl.

Ech schaffen als Concierge an enger Schoul, si gescheet an hunn 2 ,mëttlerweil, erwuessene Kanner.
An menger Fräizäit gehéiert meng Leidenschaft dem Biogärtnern, Handaarbechten an Upcyclen vu verschiddene Materialien.

Als Mamm ass et meng Aufgab fir déi bescht méiglech Zukunft fir meng – besser gesot fir all d’Kanner – ze suergen.

De gréissten Impakt op eist d’Liewen an eis Zukunft huet d’Politik, dofir ass un der Zäit, dat erëm richteg Volleksvertrieder an d` Chambre kommen. Well ech awer ëmmer méi den Androck krut, dat sech déi aktuell Politiker sech just em d’Wirtschaft a net méi em d’Leit këmmeren, hunn ech mech entscheet mech selwer ze engagéieren.

Ech hunn d’Vir- an Nodeeler vu 2 politesche Systemer erlieft, meng Kanner deelweis als Elengerzéiend groussgezunn, hunn  Existenzängschten duerchgemaach a war wärend 12 Deeg obdachlos… duerch dës Erfarunge kann ech ganz gutt novollzéien, wei et de Mënsche geet.

Meng Haaptthemen si Familljepolitik, Bildung&Soziales an Ëmwelt.

 

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene