Loyer bei der SNHBM

Fir kënne beim Fonds de logement oder dem SNHBM eng abordabel Wunneng ze lounen, muss ee verschidde Krittären erfëllen an et gëtt een no engem Punktesystem op eng Waardelëscht gesat. Wann een dann d’Chance huet, eng vun dëse Wunnengen ze kréien, gëtt de Loyer, deen ee muss bezuelen, op Grond vum Revenu net disponible gerechent. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass de Minister der Meenung, dass bei der Rechnung fir de Loyer social z’ermëttelen, nieft dem Revenu net disponible, och d’dépenses à long terme, wéi zum Beispill eng Saisie, eng Steierschold oder eng Pension alimentaire, misste berécksiichtegt ginn? Firwat gëtt dat net gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6951

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt