Notzung vu bestoende Wunnengen

Lëtzebuerg ass nach ëmmer an enger Wunnengskris. Et gëtt ee Mangel u bezuelbare Wunnengen, virun allem fir d’Leit an der Mëttelschicht an nach méi fir Leit mat manner finanzielle Mëttelen. Dobäi kënnt, dass d’Land och an enger Bautekris ass, well aktuell wéineg Neibauten (VEFA) realiséiert ginn. 

Grad fir Familljen, déi Wunnengen mat méi Schlofzëmmere brauchen, ass d’Situatioun net einfach. Verschidde Gemengen hunn an hire Gemengereglementer virgesinn, dass maximal eng bestëmmten Unzuel u Persounen dierfen an enger Wunneng wunnen. Esou ass et zum Beispill op verschidene Plazen net erlaabt, dass méi Kanner an engem Schlofzëmmer schlofen. 

Mir si Fäll bekannt, wou Proprietairen vu Gemengen gedroht kruten, dass d’Jugendsozialdéngschter ageschalt géife ginn, well d’Familljen an ze klenge Wunnengen liewen. Domadder ginn d’Familljen, déi schonn genuch duerch Wunnengskris an de Mangel u bezuelbaren Wunnraum gestrooft sinn, nach eng Kéier an d’Pan geheit.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass d’Regierung gewollt, fir an der Wunnengskris de Familljen entgéint ze kommen a si ze schützen, wa si keng Wunneng fannen, déi grouss genuch fir si ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1720

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt