D’Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg: E Problem deen zanter Joren bekannt ass an déi haiteg Regierung ass net déi éischt, déi sech Zänn drun ausbäisst. D’Fakten leien um Dësch. D’Präisser explodéieren: déi vun den Haiser, déi vun den Appartementer an natierlech och déi vun de Bauplazen. D’Debatten widderhuelen a gläiche sech, sief et an der Chamber, bei RTL oder bei enger vun de sëllechen anere Veranstaltungen zum Thema. Mir Piraten probéieren an dësem Beräich, wéi a villen aneren, méiglechst pragmatesch a konkret ze sinn.
Et ass méiglech, dass déi ëffentlech Hand Wunnenge baut, déi fir e soziale Präis vun 10 Euro de m2 verlount ginn. Eng laangjäreg Fuerderung vun de Piraten!
Mir hunn an de leschten zwee Joer net manner wéi véier Gesetzpropositiounen op de Wee bruecht, véier Piècen, déi dozou bäidroe sollen d’Wunnengskris ze léisen. Déi éischt Propositioun (Nr. 7503) betrëfft de « bail à usage d’habitation ». Et geet eis hei drëm, d’Rechter vum Locataire par rapport zum Propriétaire ze stärken, an deem Sënn datt de « bail à durée indéterminée » d’Regel soll sinn an et net méi zu automatesche Verlängerungen vu befristete Verträg kënnt. Natierlech kann e Mietvertrag vun deenen zwou Säiten gekënnegt ginn, mee nëmmen wa gewësse Reegelen agehale ginn.
Bei der zweeter Propositioun (Nr. 7898), déi Deputéiert Marc Goergen an Sven Clement zesummen deposéiert hunn, geet et ëm d’Besteierung vu Bauplazen ab enger gewësser Gréisst, ënnert gewësse Bedingungen a mat enger mathematescher Formel, déi d’Strooss hält. All Persoun huet 8 Ar fir de perséinleche Bedarf fräi. Eng Koppel mat zwee Kanner profitéiert deemno vun engem Abattement vun 8 mol 4, also 32 Ar. D’Formel fir d’Steier auszerechnen baséiert op zwou Variabelen, d’Gréisst vum Terrain an d’Zuel vun de Joren wärend deenen déi betraffe Bauplaz (vun der Kategorie B6) schonn als solch ausgewisen ass. D’Zieler vun dësem Text sinn d’Spekulatioun ze bekämpfen, déi kleng Propriétairen an de Mëttelstand ze schützen, nei Einnamen ze generéieren fir den nei geschaafene Spezialfong an d’Fërderung vu bezuelbarem ëffentleche Wunnraum.
Mir eng weider Propositioun deposéiert wou et em eng Deckelung vun de Kommissioune geet, déi d’Immobilienagence kréien. 3% vun enger Millioun Euro sinn 30.000 Euro. 3% vun dräi Milliounen Euro sinn da schonn 90.000 Euro, an esou geet et weider. Dat ass net normal an dat verstäerkt nach déi Präistreiberei, déi mir souwisou schonn hunn. Duerfir d’Propositioun vun de Piraten: eng Deckelung vun de Kommissiounen op ronn 25.700 Euro (Index 100). Dës soll bezuelt ginn vun deem, deen op d’Servicer vun enger Agence zeréckgräift, sief et de Keefer oder de Verkeefer.
Wat d’Logementskris ugeet, hu mir also scho vill Propose gemaach a wäerten och weiderhin um Ball bleiwen.
Eis neiste Propos (N°8008) an der Chamber fuerdert eng Ofkopplung vun de Loyere vum Index. De Proprietär huet duerch eng Indextranche net méi Käschten an dierf dofir och net vum Locataire méi Sue froen. Dës Propos betrëfft privat an commerciel Loyéen an entlaascht esou och kleng Commercer.
Dat sinn eis konkret Proposen fir d’Bekämpfung vun der Logementskris – bis elo !