Loftfilter a Schoulen a beim Staat

Am September wäert fir d’Lycées- a Primärschoulkanner erëm de Schoulalldag ufänken. Am Moment gesäit et net esou aus wéi wann bis dohin eng Herdenimmunitéit erreecht gëtt an nach ass kee Vaccin fir Kanner zougelooss. Eng Studie vum Institut für Strömungsmechanik und Aerodynamik vun der Bundeswehr-Uni zu Münche recommandéiert fir zousätzlech zum Stousslëften, Filter mat Hepa-Filteren a Banneraim anzesetzen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3147 hunn d’Gesondheetsministesch an den Educatiounsminister erkläert:

“De Sujet vun de Purificateurs d’air gëtt ganz enk vun der Gesondheetsdirektioun mee och vun anerenwëssenschaftlechen Entitéiten (LIH, Uni.lu etc.) suivéiert an et gëtt eng permanent Veille vun eventuelle neien Erkenntnisser gemeet.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi stinn d’Ministeren haut zu Loftfilteren an de Schoulen? Denken d’Ministeren dass dës ee wichtegen Outil fir d’Schoulrentrée kënne sinn?

  2. An wéi villen Administratiounen a Ministèrë goufe säit dem Ufank vun der Pandemie Loftfilter oder Klimaanlage mat agebautem Loftfilter installéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4836

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt