Lizenzen

Fir zu Lëtzebuerg eng offiziell Lizenz bei enger agreéierter Sportfederatioun ze kréien, muss een de sougenannten Medico-Examen passéieren. Den Artikel 11 vum Gesetz vum 3. August 2005 iwwert de Sport gesäit fir, datt een fir eng Lizenz ze kréien een «certificat médical d’aptitude au sport», deen vum Service médico-sportif ausgehännegt gëtt, brauch. Am Zoch vun der Coronakris, goufen d’Aktivitéiten vun de Services médico-sportifs awer «jusqu’à nouvel ordre» ausgesat. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Här Minister, fir wéini ass virgesinn, d’Services médico-sportifs ërem opzemaachen ?

  2. Wéi eng Méiglechkeet hunn Biergerinnen a Bierger, déi bis dato nach ni eng Lizenz haten, fir zu dësem Zäitpunkt eng éischt Lizenz unzefroen fir den Exercice vun hirer Sportaart ?

  3. Plangt de Ministère fir an enger éischter Phase prioritär Rendez-Vousen fir nei Lizenzen ze verginn, wëssend datt bestoend Lizenzen ëm e Joer verlängert goufen?

Zesummenhang posts

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst