Liwwerketten Direktive – Wéi wäert Lëtzebuerg ofstëmmen?

Den 9te Februar sollt u sech d’Liwwerkettendirektive (CSDDD) um Ordre du jour vun der Réunion informelle des ministres de la compétitivité stoen. De Vott iwwert den Text ass awer kuerzfristeg ofgesot ginn. Wéi den Radio 100,7 iwwert de Weekend gemellt huet:
“”D‘Lëtzebuerger Regierung wier dobäi hir Positioun ze finaliséieren, hat et gëscht op eis Nofro geheescht. Och haut war doriwwer net méi gewuer ze ginn.

D‘Gesetz soll dofir suergen, datt grouss Betriber an d‘Responsabilitéit geholl kënne ginn, wann si beispillsweis vu Verstéiss géint Mënscherechter an der Liwwerkette profitéieren.””

An hierem Programm vun 2023-2028 huet sech d’Regierung verflicht, fir d’Direktive z’ënnerstetzen, mee am selweschte Moment och Konditiounen fir hiren Support gestallt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi hätt d’Lëtzebuerger Regierung den 9te Februar ofgestëmmt, wann et zu engem Vott komm wier? Mat wéi enger Begrënnung?

  2. Wäert Lëtzebuerg sech fir Ännerungen am Text virun engem neie Vott asetzen? Wa jo, wat fir Ännerunge wieren dat?

  3. Gëtt et schonn een neien Datum fir ee Vott?

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt