d’Piraten fuerderen de Livestream vum Gemengerot

D’Piraten hu sech an der Chamber fir d’Aféieren vun engem Livestream an de Gemengen staark gemaach. Mir fuerderen eng obligatoresch Opnahm an Iwwedroung vu Gemengerotsitzungen.

 

Transparenz stäerkt d’Vertrauen an d’demokratesch Entscheedungsprozesser a mécht se novollzéibar. Duerch ee Livestream muss een sech net méi op d’Wuert vun anere verloossen: et kann een sech selwer ee Bild iwwert d’Aarbecht um lokalen Niveau maachen.

Eis Propos gouf an der Chamber vun deene meeschte Parteien ofgeleehnt.

Hei ass den Text vun eiser Motioun:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Gemengerotssitzunge sinn nom Prinzip vum Artikel 21 vum Gemengegesetz alle Biergerinnen a Bierger ëffentlech zougänglech;
  • d’Ëffentlechkeet an d’Transparenz stäerken d’Demokratie an d’Unerkennung vun den demokrateschen a rechtsstaatlechen Institutiounen, well d’Bierger d’Decisioune vun hire Volleksvertrieder novollzéien an och a Fro stelle kënnen;
  • Ëffentlechkeet an Transparenz stäerken d’Vertraue vun de Bierger an d’politesch Decisiounen an hëllefe géint d’Verbreede vun Desinformatioun;
  • D’Ëffentlechkeet an d’Transparenz vu Gemengerotssitzungen si verbesserungswierdeg, well d’Sitzungen oft wärend de regulären Aarbechtszäite vu ville Biergerinnen a Bierger stattfannen, d’Bierger sech zu där Zäit physesch an d’Gemeng deplacéiere mussen an dofir Congé missten huelen an och, well d’Plazen am Sall vum Gemengerot limitéiert sinn;
  • Den Internet ass ee Mëttel, deen als Bréck tëschent de Bierger an der Politik ka genotzt ginn a verschidde Gemenge bidden op där Basis eng Live-Iwwerdroung vun hire Gemengerotssitzungen am Videoformat un, déi nom Ofschloss vun der Sitzung integral um Internetsite vun der Gemeng ze fannen ass;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. eng Dispositioun anzeféieren, déi d’Live-Iwwerdroung vu Gemengerotssitzunge souwéi d’Publikatioun vun de Sitzungen um Internetsitte vun der Gemeng am Toun- oder Videoformat obligatoresch mécht.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene