Linn 303 Tréier Hbf – LuxExpo

Mir ass zougedroe ginn, dass op der Linn 303, enger grenziwwergräifender Linn tëschent Tréier an dem Kierchbierg, d’Busser an de leschte Woche voll besat sinn. Grad zu de Spëtzenzäiten, wou vill Grenzgänger eriwwer op Lëtzebuerg kommen, géifen et knapps nach Stéi-Platzen am Bus ginn.

Um Fuerplang gesäit een, dass tëschent 5h55 an 8h55 eng 13 Busser de Wee op Lëtzebuerg fueren, woubäi och Doppeldeckerbusser ënnerwee sinn. Wann esou ee Bus an der Moyenne 70 Sëtzplazen huet, bedeit dat, dass an deenen 3 Stonne ronn 910 Persounen op Lëtzebuerg transportéiert ginn.

Obwuel et erfreelech ass, dass sou vill Leit de Bus notzen, muss een dach bedenken, dass dës Buslinn zu engem Deel iwwert d’Autobunn fiert. 

D’Tatsaach, dass Passagéier am Bus musse stoen, ass punkto Verkéierssécherheet bedenklech. Wann de Bus eng Kéier eng Vollbremsung op der Autobunn muss maachen, kéint dat fir d’Passagéier, déi keng Sëtzplaz hunn, schlecht ausgoen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Passagéier huelen d’Linn 303 am Schnëtt wärend de Spëtzenzäiten?

  2. Wëssen de Minister a seng Servicer doriwwer Bescheed, dass op dëser Buslinn, trotz 13 Busser, Passagéier keng Sëtzplaz am Bus virfannen? 

  3. Wäert de Minister den Takt vun dëser Buslinn, ugesiichts vun der héijer Demande, erhéijen? Falls jo, wéi vill Busser solle bäikommen a wéini kéint dëst fréistens geschéien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7792

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.