Limitt vun Adapto Trajeten

Säit dem 1.03.2020 ass den Adapto-Service gratis. Ech hunn de Ministère schonn a verschiddene parlamentaresche Froen op d’Situatioun vu ville Persounen opmierksam gemaach, déi aktuell net méi kënnen op eng Adapto-Kaart zréck gräifen, well mat der Gratuitéit och d’Krittäre fir eng Kart kënnen ze kréien, geännert hunn. Mee och Persounen, déi eng Kaart accordéiert kruten, kënnen dëse Service net onbegrenzt notzen. Laut guichet.lu sinn d’Faarten op 360 Trajete pro Joer limitéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Handelt et sech bei dësen 360 Trajeten em eenzel Faarten oder sinn se als Aller-retouren ze verstoen? Falls et sech ëm 360 eenzel Faarten (also 180 Aller-retouren) handelt, kann de Minister d’Grënn fir dës Limitatioun erläuteren?

  2. Ginn dës 360 Trajeten pro Joer dem Minister no duer, fir als Persoun mat Handicap esou um gesellschaftleche Liewen kënnen deelzehuelen, wéi Persounen, déi keen Handicap hunn?

  3. Mat wéi engem Käschtepunkt wier eng Hausse vun der maximaler Unzuel u Faarte schätzungsweis verbonnen, wann een all Persoun, déi eng Adapto-Kart besetz, géif erlaben, emol pro Dag vun engem Aller-Retour profitéieren ze kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4605

Zesummenhang posts

D’Piraten hunn dofir gekämpft, dass d’Kandidaten déi wëlle Lëschten op de Gemenge fir d’Gemengewalen deposéieren, dës och als Wieler mat dierfen ënnerschreiwen. Et brauch ee 50 Ënnerschrëfte
Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht, dass eng zu Lëtzebuerg usässeg Firma matgewierkt huet, fir medial Inhalter vum verbuedene russesche Sender Russia Today
Den 8. Mai 2019 huet de Minister fir Bannenzeg Sécherheet d’Statutte vun engem Groupement d’intérêt économique (GIE) mam Numm “Agence luxembourgeoise pour la promotion