Liewen am Prisong

Wärend Covid-19 haten d’Detenuen zu Schraasseg Accès zu Computere fir kënne mat hire Familljen ze skypen. Dëst war dee Moment néideg, well d’Visitte verbuede gi waren, fir d’Ausbreedung vum Virus ze verhënneren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’Persounen an de Prisongen zu Schraasseg, Givenich an um Uerschterhaff Accès zu Computere mat Internet?
    • Wa jo, ënnert wéi enge Konditiounen dierfen si dëse benotzen?
    • Handelt et sech ëm Wifi oder Eternet?
    • Wa nee, firwat net?

  2. An de verschiddene Strukture gi laut Site vun der Administration pénitentiaire Formatiounen ugebueden.
    • Ëm wéi eng Formatiounen handelt et sech heibäi?
    • A wéi enger Reegelméissegkeet ginn dës organiséiert?
    • Wéi vill Detenue maachen hei all Joers mat?
    • Wat fir Konditioune muss een erfëllen, fir un de Formatiounen deel ze huelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7789

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt