Libor Chmelik

Bonjour,

mäin Numm as Libor Chmelik. Ech sinn 1967 zu Prag an der deemoleger Tschechoslowakei

gebuer. Am August 1968 ass meng Famill wéinst de Repressalien zum ‘Prager Frühling’ geflücht,

well mäin Papp Member vum ‘Maquis’ war.

Déi Astellung, fir sech ze erhiewe wann Eppes falsch leeft, wäert ech vun him geierft hunn.

Aus dem Grond sinn ech 2013 de Piraten bäigetrueden. Déi aner Parteie waren einfach net op menger Linn.

Ech si geléierten Elektrikermeeschter a schaffen am Entretien an Depannage an der

chemescher Industrie.

Meng Hobbye sinn ënner anerem den Upcycling, an deems ech al Röhrenradioen als

Bluetooth Verstäerker fir Smartphonen ëmbauen an d’Verfechte vun der fräier a gratisser

Open Source Software Linux. Ech sinn och Member vu verschiddene Biergerinitiativen an

Interesseveräiner fir no um Bierger ze bleiwen.

Ech engagéiere mech politesch , well momentan Villes net sou leeft wéi et lafe sollt fir dat

jiddereen e gutt a rouegt Liewe liewe kann.

Ech setze mech a fir den Déiereschutz, d’ Steierklass 2 fir jiddereen, e gratis ëffentlechen Transport
an fir d’Ofschafe vum gliesene Bierger.

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene