Letzshop mat Liwwerservice

A virege parlamentaresche Froen un de Mëttelstandsminister hunn ech verschidden Informatiounen zu der Online-Plattform “Letzshop” geliwwert krut. An der Äntwert op d’Fro n°2176 huet de Minister ënnerstrach, dass d’Plattform wärend der Covid-19-Pandemie immens gewuess ass. Dëst ass natierlech engersäits de klenge Geschäfter zegutt komm, déi trotz zouenen Diere weider hier Produite konnte verkafen an doduerch hier Verloschter konnte minimiséieren. 

Doriwwer eraus hunn och Restaurateure probéiert hier Produiten iwwert dës Plattform unzebidden, wéi de Minister a senger Äntwert op meng Fro n°2252 wësse léisst:
“”Als einfachst logistesch Léisung, déi direkt kann ëmgesat ginn, kann een op Letzshop.lu de Click&Collect ubidden, d.h. de Client kann seng online Bestellung direkt am Betrib ofhuelen. Vereenzelt Betriber hunn dës Léisung schonn ëmgesat.” ”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert de Minister an noer Zukunft een direkte Liwwerservice fir Restauranten op Letzshop ubidden an dësen op letzshop.lu hosten (z.B. ënnert der Subdomain horesca.letzshop.lu)? Falls jo, kann hien weider Erklärunge liwweren, wéi dëse wäert funktionéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2517

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt