Wéi huet sech Letzshop nom Lockdown entwéckelt?

A menger parlamentarescher Fro n°2176 hat ech de Mëttelstandsminister gefrot, wéi d’Plattform Letzshop sech wärend dem éischte Lockdown entwéckelt huet. De Minister hat verschidden Zuele geliwwert, déi weisen, datt d’Plattform wärend der Kris ee grousse Sprong no vir gemaach huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Geschäfter hunn sech, opgelëscht no Gemeng, zënter der leschter Äntwert vum Minister op Letzshop ageschriwwen? Wéi vill Geschäfter hunn sech an Tëschenzäit erëm ofgemellt? 

  2. Wéi vill Produite ginn aktuell op Letzshop ugebueden? Wéi huet sech dës Ziffer zënter der leschter Äntwert entwéckelt?

  3. Wéi vill Klicks goufen an de leschte Méint gezielt? Wéi huet sech dës Ziffer zënter der leschter Äntwert entwéckelt?

  4. Huet sech de positiven Trend vun der Plattform bestätegt a wäert d’Plattform an Zukunft seng Benotzerzuele kënne bäibehalen oder weider kënnen ausbauen?

  5. Wäert d’Plattform ëm iergendwellech nei Funktiounen erweidert ginn?

  6. Ass virgesinn, datt am Fall, wou Letzshop sech definitiv um Marché etabléiert, de Staat sech aus dësem Segment wäert erauszezéien, domat d’Plattform no de Prinzippie vum fräie Marché (ouni de Finanzement vu Steiergelder) funktionéiere kann?
    • Falls jo, wéi eng Indicateure mussen dofir erreecht ginn?
    • Falls nee, wéi ass envisagéiert, datt kleng Start-ups d’Chance kréie mat Letzshop op engem Level Playing Field ze konkurréieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3059

Zesummenhang posts

 D’Studentevereenegung ACEL huet rezent ëffentlech Kritik un der Regierung gelooss, wat d’Organisatioun vun der Studentefoire betrëfft. D’CSJ huet an engem Communiqué d’Kriticken vun der
Am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz schaffe vill staatlech an net-staatlech Organisatioune ronderëm d’Auer, 24Stonnen op 7, fir Projeten an Hëllefsmoossnamen ëmzesetzen. D’Hëllef kënnt