Lëtzebuerger Wäiner um Pavillon zu Dubaï

D’Lounge am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai bitt niewent enger Selektioun u Lëtzebuerger Wäiner a Crémant och eng ganz Rëtsch Wäiner a Crémant aus anere Länner un.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ginn net nëmme Lëtzebuerger Produiten am Lëtzebuerger Pavillon verkaaft?

  2. Fënnt de Minister, dass et net genuch Lëtzebuerger Produite ginn, déi een de Visiteure kéint ubidden ?

  3. Wat fir Quantitéiten u Lëtzebuerger Wäiner a Crémant goufe fir de Pavillon akaaft?  Wat fir Quantiéiten un auslännesche Produiten goufe fir de Pavillon akaaft?

  4. Bei wéi engem Fournisseur goufen dës auslännesch Produiten akaaft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5226

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt