Lëtzebuerger laut EEA ze ville Chemikalien ausgesat

Fuerschungsdaten vun der europäescher Ëmwelt Agence (EEA) weisen, dass d’Bierger an der EU ze ville Chemikalien ausgesat sinn. Ënnert den 3 Länner wou d’Bierger dee gesondheetsschiedleche Seuil vu Bisphenol A iwwerschratt hunn ass och Lëtzebuerg. Bisphenol A gëtt normalerweis fir d’Hierstellung vu Plastik genotzt. D’Folge vun enger ze héijer Expositioun vu Bisphenol A kënnen ee geschwächten Immunsystem, Onfruchtbarkeet an Hautirritatioune sinn.
Am Juli d’lescht Joer hat den Luxembourg Institut for Health (LIH) schonn an enger Studie vun Kanner festgestallt, dass all ënnersichtend Kand am Duerchschnëtt 61 chemesch Verbindungen a sengen Hoer hat. Am meeschte virkomm ass och hei de Bisphenol A.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi reagéiert d’Ministesch op d’Resultater vun der EEA?

  2. Wat wäert gemaach ginn, fir d’Expositioun vun de Leit ze reduzéieren?

  3. Wat fir Schrëtt hat d’Regierung no de Resultater vum LIH vum Juli 2022 geholl?
    Wat si bis ewell ëmgesate Mesuren?
    Gesäit ee schonn éischt Resultater?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8323

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt