Lëtzebuerger Nachfahren an der Welt: Recouvrement vun der Lëtzebuerger Nationalitéit

Wéi een aus engem Communiqué vum 1.2.2021 vum Justizministère gewuer gëtt, hunn nach am leschte Joer 9389 Persounen d’lëtzebuergesch Nationalitéit iwwert d’Nationalitéitegesetz erhalen. 

D’Dispositioune vum Recouvrement vun der Nationalitéit goufen d’lescht Joer wärend der Covid-19-Pandemie, an deenen domadder verbonnene Reesverbueter an d’EU, nach ëm ee Joer verlängert, fir esou deene Leit, déi d’Prozedur zwar ugefaangen haten, mee net op Lëtzebuerg reese konnten, eng Chance op de Recouvrement ze ginn. 

Den Delai vum Recouvrement leeft dem Gesetz no awer definitiv Enn vun dësem Joer aus. Et existéieren awer nach eng Rëtsch lëtzebuergesch Nofueren, déi net hu konnte vum Gesetz profitéieren, dëst, well d’Areesverbuet fir Net-EU-Bierger nach ëmmer a Kraaft ass an nom ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 19ten Dezember 2020, nach mindestens bis den 31te Mäerz wäert undaueren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt d’Regierung, den Delai de Recouvrement am Artikel 89 vum Nationalitéitegesetz op een Neits ze verlängeren a Betruecht dovunner, dass déi meescht Net-EU-Bierger nach ëmmer net an d’EU areesen dierfen?

  2. Wat schwätzt, der Ministesch no, géint eng Verlängerung vum Recouvrement, also eng Ofännerung vum Artikel 89 vum Nationalitéitegesetz?

  3. Wat schwätzt géint eng generell Verlängerung vun der Recouvrementsprozedur an enger Verlängerung vun béiden Delaien ëm ee puer Joer?

 

D’Ministesch huet an hirer Äntwert erkläert, dass d’Prozedur vum Delai fir eng Recouvrementsdéclaratioun eranzereechen, op den 31. Dezember 2022 verlängert soll ginn.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3794

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023