Lëtzebuerg liewt op ganz grousse Féiss

Normalerweis zielt e Land op d’mannst zweemol esou vill Awunner wéi Aarbechtsplazen. Beispill Frankräich : 65 Milliounen Awunner, knapps 30 Milliounen Sozialversécherter. Oder d’Belsch : 11,5 Milliounen Awunner an 5,2 Milliounen Leit mat enger Aarbechtsplaz (oder am Chômage). Esou kënnt een elo weiderfueren… 

Och zu Lëtzebuerg war dat laang de Fall. Kucke mer emol zeréck op d’Joer 1970. Deemools huet d’Land 340.000 Awunner an 140.000 Aarbechtsplazen gezielt, mat engem Rapport tëschent dësen zwou Zuelen vun 2,4. An anere Wieder : Lëtzebuerg hat deemools 2,4 Mol méi Awunner wéi Aarbechtsplazen, wat am Fong ganz normal ass. 

Dat sollt och esou bleiwen bis Ënn Achtzeger/Ufanks Nonzeger Joren. Vun do un ass d’Bevëlkerung zwar ëmmer nach immens staark gewuess (+242.000 nei Awunner zanter 1990), mee d’Zuel vun den Aarbechtsplazen ass nach méi schnell geklomm (+286.000 zanter 1990). Dat mécht, datt de Rapport Awunner/Aarbechtsplazen sech ëmmer méi degradéiert huet : 1993 ass en ënner 2,0 gefall, 2006 ënner 1,5 an dëst Joer wäerte mer bei 1,3 landen. 

Wa mir esou weiderfueren, komme mir iergend eng Kéier bei 1,0 un, dat heescht, dass dann eist Land genee esou vill Aarbechtsplazen wéi Awunner zielt. Eppes, wat natierlech nëmme méiglech ass, well mir op Honnertdausende Grenzgänger ziele kënnen. D’Stad Lëtzebuerg mécht eis et vir : si huet haut 125.000 Awunner a bal 200.000 Aarbechtsplazen. Mir wësse jo, wat dat fir eis Verkéierssituatioun, eis Logementssituatioun an eis Loft- a Liewensqualitéit heescht… nämlech näischt Guddes !

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister