Elengerzéiend Elteren endlech entlaaschten

D’Pirate sinn fir eng fair a modern Steierpolitik, déi Elengerzéiend net am Reen stoe léisst.

 

Context:Debat zur Lag vun der Natioun

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Am Koalitiounsaccord vun der aktueller Regierung ass virgesinn, dass Lëtzebuerg eng Steierreform soll kréien, déi d’Persounen onofhängeg vun hirer Liewenssituatioun soll besteieren;
  • Aktuell ginn Elengerzéiender an der Steierklass 1a besteiert, déi par Rapport zur Steierklass 2 defavorabel ass;
  • D’Zuelen aus dem Panorama Social 2022 vun der CSL a vill aner Etüde weisen, dass d’elengerzéiend Elteren nach ëmmer eng vun de Gruppen hei am Land sinn, déi dem Aarmutsrisiko am meeschten ausgesat sinn;
  • D’Finanzministesch huet an hirer Ried zum Budget 2023 ugekënnegt, dass de Steierkredit fir elengerzéiend Elteren (CIM) soll erhéicht a vu méi Elengerzéiende kënne beusprocht ginn;
  • Den CIM muss explizitt vum Steierzueler beim Dépôt vu senger Steiererklärung ugefrot ginn a vill Persoune wëssen net wéi dat geet oder wëssen net mol, dass et den CIM iwwerhaapt gëtt.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. eng Léisung auszeschaffen, déi et erméiglecht, fir den elengerzéiende Steierzueler de Montant vum CIM automatesch ofzehalen oder auszebezuelen an dëst pro Mount an ouni mussen eng Demande dofir ze maachen.

 

Dës Motioun gouf mat de Stëmmen vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent.

 

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt