Leit déi net méi an de Centre de primo-acceuil gelooss ginn

Wéi den 100,7 den 25ten August gemellt huet, ginn d’Leit, déi op Lëtzbuerg flüchten, nëmmen nach an de Centre de primo-acceuil um Kierchbierg gelooss, wann se virdrun een Dossier opgemaach hunn:
“”Déi Betraffe mussen elo fir d’éischt hir Demande bei der Direction de l’Immigration op der Areler Strooss maachen. Där hir Büroe sinn awer nëmmen op Wochendeeg, vun hallwer 9 Moies bis 12 Mëttes, op.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn d’Öffnungszäiten vun der Direction de l’Immigration dann op Nomëttes erweidert, fir bescht méiglech ze verhënneren, dass d’Leit op der Strooss musse schlofen? Wäert eng Permanence de Weekend geschafe ginn?

  2. An der Erklärung vum Ministère heescht et laut 100,7:
    “”Zu de Grënn, firwat d’Reegele fir den Accès an de Centre de primo-Accueil geännert goufen, sot de Ministère eis, datt festgestallt gi wier, datt 30 Prozent vun de Leit, déi an de CPA koumen, duerno guer keng Demande fir Protektioun gemaach hätten oder verschwonne wieren.””

    1. Wéi vill Prozent maachen keng Demande?
    2. Wat ass fir de Ministère den Delai ab deem een seet, dass eng Persoun keng Demande gemaach huet nodeems se am Centre ukomm ass? Wat gëtt am deem Fall gemaach, fir d’Leit opzeklären, dass se eng Demande musse maachen?
    3. Goufen d’Leit dann no enger gewëssener Zäit aus dem Centre ausgeschloss wann se keng Demande stellen? Wa jo, wat war den Delai?
    4. Wéi vill Prozent si verschwonnen?

  3. Ginn d’Leit iwwert d’Iwwernuechtungsstrukturen fir Sans-abrisen opgekläert, wann se net an den Centre eragelooss ginn?

  4. Weess de Ministère wat mat deenen 78 Leit geschitt ass, déi an deene leschten 2 Wochen ofgewisse gi sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8267

Zesummenhang posts

An engem ëmmer méi digitaliséierte Gesondheetswiese spillt Kënschtlech Intelligenz (KI) eng ëmmer méi wichteg Roll fir d’Verbesserung vun der Diagnostik, der Effizienz an der
An engem rezenten Interview huet de Sportminister et bedauert dass et keng statistesch Zuelen iwwer de Sport zu Lëtzebuerg géif ginn an hien dowéinst