Jurisprudenz op legilux.lu

De Prinzip “Nul n’est censé ignorer la loi” gëllt fir jiddereen an ass een Haaptpilier, deen eise Rechtsstaat garantéiert. Natierlech ka kee Mënsch all d’Gesetzer, Reglementer, Circulairen oder Geriichtsurteeler kennen. 

Et ass essenziell, dass all Bierger:in een Zougang zu dësen Informatiounen huet. Am digitalen Zäitalter, an deem mer sinn, muss dat iwwert den Internet méiglech sinn. Dat gouf mam Gesetz vum 23ten Dezember 2016 concernant le Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg zum Prinzip gemaach an haut ka jidderee Gesetzer a Reglementer op legilux.lu nokucke goen.
D’Geriichtsurteeler vun der Justiz sinn awer hei net alleguerten opgefouert. Fir all déi ganz Jurisprudenz ze fannen, muss een op de Site justice.public.lu nokucke goen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat sinn d’Geriichtsurteeler net alleguerten och op legilux.lu siichtbar? 

  2. Wäert déi gesamt Jurisprudenz iergendwann och op legilux.lu ze fanne sinn?

  3. Wéi eng aner Publikatiounen, wéi zum Beispill Circulairen, sinn aktuell net op Legilux ze fannen?

  4. An de Geriichtsurteeler gi perséinlech Daten onkenntlech gemaach iwwert eng Pseudonymiséierung. Dëst gëtt zënter 2023 net méi beim Parquet gemaach, mee bei de kompetente Geriichter.
    • Opgelëscht pro Geriicht, wéi vill Leit këmmeren sech ëm d’Pseudonymiséierung vun de Geriichtsurteeler?
    • Wéi vill Leit ware virdrun (2023) beim Parquet beschäftegt, fir dës Aufgab ze realiséieren?
    • Huet dës Ëmstellung Problemer oder Verspéidunge bei der Verëffentlechung vu Geriichtsurteeler mat sech bruecht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1982

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene