Eis gouf zougedroen, dass et bei der CNS virkënnt, dass si Persoune fälschlecherweis Leeschtungen zoukomme loossen, op déi dës aus verschiddene Grënn keen Usproch hunn. Wa si hire Feeler bemierken, fuerderen si dann innerhalb vun e puer Deeg déi komplett Beträg zréck, soss sträichen si de betraffene Persoune Leeschtungen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi oft ass et an deene leschte 5 Joer, opgelëscht pro Joer, virkomm, dass d’CNS eng Decisioun réckwierkend geännert huet?
-
Wéi oft ass et an deene leschte 5 Joer, opgelëscht pro Joer, virkomm, dass d’CNS eng Decisioun réckwierkend geännert huet, well si festgestallt hunn, dass si fälschlecherweis Leit Leeschtungen accordéiert hunn, déi dës eigentlech net zegutt haten?
-
Eis si Fäll bekannt, wou Persounen innerhalb vun e puer Deeg gréisser Zomme sollten zréckbezuelen, déi si fälschlecherweis accordéiert kruten. Wann si dëser Opfuerderung net nokommen, kréien si Leeschtungen, zum Beispill beim Remboursement vu Rechnungen, oder bis zu 50% vum Kannergeld, dat eigentlech fir den Ënnerhalt vum Kand geduecht ass, gestrach. Beim Steieramt ass et esou, dass all Contribuabel d’Méiglechkeet huet, no enger Besteierung, a virun der Echeance vun dëser Besteierung, duerch eng motivéiert Demande, een Délai de Paiement ouni Zënsen (Délai de Paiement bis zu 4 Méint) oder een Délai de Paiement mat reduzéierten Zënsen (Délai de Paiement tëschent 5 Méint an 12 Méint: 0,1 Prozent pro Mount oder Délai de Paiement tëschent 13 Méint bis 3 Joer: 0,2 Prozent pro Mount) beim Steierbüro unzefroen (Äntwert op d’QP N° 6146). D’Héicht vun den Zënsen déi pro Mount berechent ginn hänkt also vun der Lafzäit vum Délai de Paiement of. Firwat bitt d’CNS hiren Assuréeën net déi selwecht Méiglechkeeten un, amplaz hinne Leeschtungen ze sträichen an si esou an eng prekär Situatioun ze bréngen?
-
Fir géint eng Entscheedung vun der CNS kënne Recours beim Gericht anzeleeë brauch eng betraffe Persoun eng sougenannten Décision présidentielle aus der Direktioun vun der CNS. Wéi laang ass aktuell d’Durée de traitement bei den Décision présidentielle?
-
Wat war op déi leschte 5 Joer gekuckt déi längsten Durée de traitement bei den Décision présidentielle?
QP Nummer 7697