Leerstand beim Fond du Logement

De Fond du Logement ass en Établissement public autonome a gouf mam Gesetz vum 25te Februar 1979 an d’Liewe geruff. E steet ënnert der Tutelle vum Logementsminister an hëlleft Persounen, déi um fräie Marché Problemer hunn, d’Präisser fir Wunnraum ze bezuelen. Esou kann een iwwert de Fond de Logement Sozialwunnenge lounen, e Bail emphytéotique maachen oder och Wunnraum zu Präisser ënnert dem Marchéspräis kafen. Fir ze garantéieren, dass esou vill Leit wéi méiglech vun dëser Offer profitéiere kënnen, ass et wichteg, dass et méiglechst wéineg Leerstand beim Fond du Logement gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis fir e Locatiounsobjet, dee verlount gouf a wou de Locataire geplënnert oder verstuerwen ass, en neie Locataire fonnt gëtt an eraplënnert?

    Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis fir en neie Locatiounsobjet en éischte Locataire fonnt gëtt an era plënnert?

    Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis fir e Verkafsobjet e Keefer fonnt gëtt an era plënnert?

    Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis fir en Objet mat Bail emphytéotique e Client fonnt gëtt an eran plënnert?

  2. Wéi vill Leerstand gouf et beim Fond du Logement um Datum vum 01.01.2023, dem 01.03.203, dem 01.06.2023, dem 01.09.2023 an dem 01.12.2023?

    Ëm wéi eng Aart vun Objet handelt et sech dobäi jeeweils (Locatiounsobjet, Objet mat Bail emphytéotique, Verkafsobjet)?

  3. Wat sinn d’Grënn fir en eventuelle Leerstand?

 

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene