Leerstand bei der SNHBM

An der parlamentarescher Fro Nr. 134 hu mir de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung ënnert anerem gefrot, wéi vill Leerstand et beim Fonds du Logement zu ënnerschiddlechen Zäitpunkte ginn ass. Aus der Äntwert geet ervir, dass et aktuell kee Leerstand vu bewunnbare Wunnenge gëtt. Nieft dem Fonds du Logement, gëtt et zu Lëtzebuerg och nach en zweeten ëffentleche Promoteur, d’Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM). Och fir dësen Acteur stellen sech an eisen Aen déi schonns fir de Fonds du Logement traitéierte Froen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi vill Leerstand gouf et bei der SNHBM um Datum vum 01.01.2023, dem 01.03.203, dem 01.06.2023, dem 01.09.2023, dem 01.12.2023 an dem 01.01.2024? Ëm wéi eng Aart vun Objet handelt et sech dobäi jeeweils (Locatiounsobjet, Objet mat Bail emphytéotique, Verkafsobjet)?

    Mir wiere frou wann den Här Minister a senger Äntwert déi ënnerschiddlech Zäitpunkte kéint separat traitéieren. Aus der leschter Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nr. 134 geet dëst net ervir. 

Fro n°205

Zesummenhang posts

Wéi d’WORT an engem Artikel vum 18te Mäerz 2026 beriicht, sinn de fréieren MUDAM-Direkter zesumme mat senger Fra am Kader vun enger Geriichtsaffär zu
Wéi d’Tageblatt an engem Artikel vum 27te Mäerz 2026 thematiséiert, huet de Premierminister sech an der Ëffentlechkeet positiv iwwert de Paperjam geäussert an domadder
Mat der Reform vun der Schoulflicht, déi elo bis 18 Joer geet, stellt sech d’Fro, wéi an der Praxis garantéiert gëtt, datt all Jugendlecher