Déi nei TICE-Konventioun huet vill Ännerungen fir den TICE an déi betraffe Gemengen mat sech bruecht. Obwuehl d’Gemengen ëmmer nach een Deel vum Budget vum TICE bezuehlen, wäert d’Presidence vum Bussyndikat TICE ofwiesselend vum Mobilitéitsministère an dem Inneministère iwwerholl ginn an net méi vun de Gemengevertrieder. D’Presidence bedeit politesch a strategesch Féierung vun enger Organisatioun. Den Inneministère ass gläichzäiteg de Ministère de Tutelle vun de Gemengen, déi am selwechte Gemengesyndikat vertruede sinn. D’Tutelle bedeit, dass den Inneministère d’Gemengen an hir Aktivitéiten, also och indirekt déi an de Syndikater, soll kontrolléieren, iwwerwaachen a validéieren. De Ministère üübt deemno gläichzäiteg d’Tutellefunktioun an d’Presidence vum Syndikat aus. Et stellt sech eng Fro vu Gouvernance an der Trennung vun de Rollen am Gemengesyndikat.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Erkennen d’Ministeren de Konflikt, datt den Inneministère gläichzäiteg exekutiv a kontrolléierend vum TICE muss erfëllen?
Ass dës Gouvernance-Struktur konform mat de Prinzippie vun der administrativer Trennung tëschent Tutelle a Gestioun, esou wéi se am ëffentleche Recht virgesinn ass?
Existéiere vergläichbar Modeller bei anere Gemengesyndikater oder ëffentlechen Etablissementer, wou eng Tutelle-Autoritéit och d’Présidence iwwerhëlt? Falls jo, wéi eng Sécherheetsmechanismen ginn do applizéiert?
Wéi wëllen d’Ministere verhënneren, datt et zu engem Interessekonflikt kënnt, wann de Ministère, deen d’Kontroll iwwer de Syndikat ausüübt, och direkt un der politescher a strategescher Féierung bedeelegt ass?
Besteet ee Grond, firwat d’Ministèren op d’Presidence beim TICE insistéieren?
Vertrauen d’Ministère de Gemengevertrieder am TICE net méi, fir d’Presidence vum Syndikat z’iwwerhuelen?
Ass an der Vergaangenheet eppes virgefall, wat d’Decisioun vun de Ministèrë fir d’Presidence wëlle vun de Gemengen z’iwwerhuelen, zementéiert?
QP Nummer 3632