Leasingkontrakt tëschent der Luxair a German Airways

Traditionell bitt d’Luxair sengen Aarbechter gefestegt sozial Bedéngungen, bei deenen d’Gewerkschaften an hir Fuerderunge mat engem ausgepräägte Matsproocherecht berécksiichtegt ginn. Dëst ass net bei alle Fluchgesellschaften eng Selbstverständlechkeet.

Wéi RTL den 23te Februar 2022 schreift, wäert d’Luxair bei der däitscher Airline “German Airways” mat Sëtz zu Köln, eng Embraer 190 leasen. Am Kader vun dësem “wet-lease”-Kontrakt wäert déi geleaste Maschinn mam Logo an an de Faarwe vun der Luxair fléien, mee d’Cockpit- a Kabinecrew soll weider fir German Airways schaffen. Dës “Leasing-Iwwergangsléisung” soll Mëtt Mee ugoen a soulaang gëllen, bis d’Luxair nei Fligere keeft fir hier eege Kapazitéiten opzestocken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt d’Cockpit- a Kabinecrew, déi laut dem Artikel weider fir German Airways wäert schaffen, nom Luxair kollektiv Vertrag oder German Airways Bedinunge bezuelt?

  2. Ass an Zukunft geplangt op weider Leasing- an Outsourcingoperatioune vu Fligeren zeréck ze gräifen?

  3. Gesäit de Minister bei dësem Virgoen net de Risiko, dass déi ausgepräägt sozial Grondrechter bannent der Luxair mat esou engem “wet-lease” Vertrag kéinnten ëmgaange ginn?  

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5846

Äntwert

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen