Large Scale Testing fir Leit mat Behënnerungen

D’Regierung wëll esou vill vun eise Biergerinnen a Bierger wéi méiglech en Zougang zum Large Scale Testing ubidden a schéckt dofir a reegelméissegen Ofstänn Invitatioune fir Covid-19-Tester eraus. 

Persounen, déi opgrond vun engem Handicap oder eng Krankheet net mat engem eegenen Auto fueren an och net vum ëffentlechen Transport profitéiere kennen, hunn am Alldag d’Méiglechkeet den Adapto ze huelen. Dëse Service féiert d’Leit awer net an de Large Scale Test, well dëst aus hygienesche Grënn ofgeleent gëtt.

Mir Mënschen, déi op den Adapto ugewise sinn a keng aner Méiglechkeet hu fir mobil ze sinn, bedeit dat, dass si net um Large Scale testing deelhuele kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der Madamm Ministesch bekannt, dass den Adapto net ka genotzt ginn, fir um Large Scale Testing deelzehuelen?

  2. Wat sinn déi genee Grënn dofir, dass den Adapto Persounen net an der Large Scale Test féiert?

  3. Wéi eng Alternative bitt d’Regierung Persounen, déi ouni den Adapto net mobil sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3600

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt