Large Scale Invitatioune fir jiddereen dee virun enger Klass steet

An menger Fro vum 19ten Februar (n°3677) hunn d’Gesondheetsministesch an den Educatiounsminister erkläert, dass an enger éischter Phase all déi Professionell aus dem Enseignement (Enseignanten, Educateuren a Personal aus de Museksschoulen) géingen Invitatioune fir de Large Scale kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Goufen dës Invitatiounen och un extern Intervenanten, déi zum Beispill fir de Service de Formation des Adultes Couren halen, geschéckt? Gëllt dëst och fir extern Intervenanten a Lycéeën, wéi zum Beispill dem LTPS?

  2. Goufen dës Invitatiounen och un Remplaçante (oft Studenten) geschéckt, déi 1 oder 2 Woche virun de Schoulschléissungen den 8ten Februar an d’Klassen ersetze gaange sinn?

  3. Goufen dës Invitatiounen och u Formateuren aus dem INAP geschéckt?

  4. Wäerten déi an de virgoende Froe genannte Gruppen am selwechte Rhythmus wéi d’Enseignanten, Invitatioune fir de Large Scale geschéckt kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3697

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt