De Landeskongress 2022 huet den Donneschden, den 2te Juni 2022 am Centre Culturel zu Colmer-Bierg stattfonnt. Eng 70 Piraten hunn de Wee op Colmar-Bierg fonnt.
De Programm vum Kongress war folgendermoossen opgestallt:
- Begréissung vum Koordinator Marc Goergen
- Präsentatioun vum Aktivitéitsbericht an Zukunft duerch de Koordinator
- Politesch Ried vum Spriecher Starsky Flor
- Wahl vun der Kongressleedung a Kongressbüro
- Präsentatioun vum Finanzbericht 2021 vum Tresorier ff. Gilles Mertz
- Vott vun der Decharge vum Präsidium fir d’Joer 2021
- Satzungsännerungsvirschléi – Presentatioun a Vott
- Wahl vu 6 Präsidiumsmembere fir déi nächst 2 Joer: Koordinator, Spriecher, Tresorier, Comitésmember (x3) – Presentatioun vun de Kandidaten a Vott
- Wahl vun Themenbeoptragte fir d’Parteileedung – Presentatioun a Vott
- Divers
- Ofschlossried vum Sven Clement, Präsidiumsmember an Deputéierten
Kandidature fir déi verschidde Posten (Präsidium a Parteileedung) konnte bis den 31te Mee op ahoi@piraten.lu oder iwwert de Postwee agereecht ginn. D’Wahlresultater fannt Dir hei.
Et gouf eng Propose fir eng Satzungsännerung am Délai eragereecht. Dës gouf eestëmmeg um Kongress ugeholl. Dir fannt den Text hei.