Problemer mat der Landepist um Findel

An de leschte Woche koum et um Findel zu Fluchausfäll wéinst Problemer mat der Landepiste. D’Landepiste gouf eréischt 2022 Stéck fir Stéck sanéiert, ma Lux-Airport  huet an engem Pressecommuniqué gëschter geschriwwen, dass d’Landepiste ëmmer erëm reparéiert muss ginn an een Zweiwel huet, ob d’Stabilitéit vun der Piste laangfristeg garantéiert ass. Et wéilt ee géint d’Baufirmen, déi hei aktiv waren, eventuell och rechtlech virgoen. “Für die umfassende Sanierung war ein internationales Baukonsortium zuständig, das Lux-Airport mit der Ausführung der Arbeiten beauftragt hatte. Es besteht aus den Unternehmen Colas Projects, Felix Giorgetti, C. Karp-Kneip Constructions, Colas Belgium, Colas France und JDC Airports.” (Tageblatt, 30te Juni 2025). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch Detailer dozou liwweren, wat genee mat der Landepist net an der Rei ass?

  2. Sinn d’Aarbechten gutt gemaach ginn oder hunn d’Baufirmen hei eng schlecht Aarbecht geleescht?

  3. Kann ausgeschloss ginn, dass elo iwwert d’Summervakanzen weider Flich wéinst der defekter Landepist annuléiert ginn?  Falls net, wéi eng Alternative si geplangt Ustuerm u Passagéier ze bewältegen?

  4. Wäert d’Ministesch och d’Autobunnsopfaahrt zu Steebrécken op d’Stabilitéit iwwerpréifen, vu dass hei déi selwecht Baufirma täteg war, ewéi bei der Renovatioun vun der Landepiste um Findel a fir esou Problemer am Viraus z’evitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2547

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen