Si Laangstreckefluchverbindunge méi Ëmweltfrëndlech?

Op d’Äntwert op d’Fro 596 vum 3ten Abrëll 2019 hat d’Regierung erkläert, dass d’Qatar Airways deemools annoncéiert haten, eng Laangstreckeverbindung tëschent Doha an dem Findel am Passagéierfluchberäich wéilten opzebauen. Bis haut ass dës Annonce awer ni realiséiert ginn.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Besëtzt d’Regierung Kenntnis doriwwer, ob zu Lëtzebuerg aktuell iergendwellech Laangstreckefluchverbindungen am Passagéierfluchberäich geplangt ginn? Falls jo, wéi eng Airlinen hunn sech bis ewell zu Lëtzebuerg ëmfrot an ëm wéi eng Destinatiounen handelt et sech?

  2. Goufen et an der Vergaangenheet oder ginn et aktuell oder an Zukunft, Gespréicher oder Verhandlungen tëschent dem Tourismusministère an Airlinen, fir Laangstreckendestiantiounen op Lëtzebuerg ze kréien?

  3. Wéi gesäit et aus mat den Ukënnegungen vu Qatar Airways, fir d’Streck “Findel–Doha” ze fléien?

  4. Am Hannergrond vum Klimawandel an den Emissioune vun der Fluchindustrie, sinn Direktverbindungen iwwer Laangstreckeflich besser ewéi déi Kuerzstreckeflich a Tësche-stopp? Gesinn d’Ministeren den Trend am Ausland, dass no dëser Pandemie méi Direktverbindunge wäerten organiséiert ginn, ouni mussen iwwert grouss Dréikräizer ze fléien?

  5. Wëssend, datt d’Luxair grad Charterfligeren op Dubai ubitt, plangt eis national Airline och Direktflich op méi wäit geleeën Destinatiounen unzebidden? Falls jo, consideréiert de Verwaltungsrot vun der Luxair dofir och den Airbus A321LR ze bestellen, fir esou selwer kënne Laangstreckeflich vum Findel aus unzebidden?

  6. Wär, am Kader vun der post-trumpscher Ära an engem Opliewe vun der lëtzebuergesch-amerikanescher Frëndschaft, eng Direktverbindung tëscht Lëtzebuerg an enger Destinatioun an de Vereenegte Staaten ubruecht?

  7. Wat ass dem Mobilitéitsminister seng Positioun zu Laangstreckeverbindungen? Ass de Minister fir een Ausbau vu Laangstrecken oder dogéint? 

  8. Wéi wichteg schätzt de Wirtschaftsminister Direktverbindunge mat wéi wäit geleeënen Destinatiounen an a wat ass den Impakt vun dëse Verbindunge fir eis Economie?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3496

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene