Servicequalitéit bei Verwaltungen

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat engem Beamten beätnweren, entweder per Telefon oder iwwert ee schrëftlechen Austausch iwwer Mail besser. An engem Sondage, deen 2023 d’Zefriddenheet vun de Bierger mam ëffentlechen Déngscht gemooss huet, war deemols festzestellen, dass ee Groussdeel vun de befrotene Leit mat de staatleche Servicer zefridde waren.

Leider ass et nach ëmmer esou, datt ee bei verschiddene Verwaltungen op direkt Nummeren urifft an dës net erreechbar sinn, well keen den Telefon ophieft. Et kënnt bei anere Servicer och mol vir, dass E-Mailen onbeäntwert bleiwen. D’Resultater vum Sondage weisen, dass 29% vun de Befrotenen et NET einfach fannen, fir a Kontakt mat de staatleche Verwaltungen ze kommen (d’Gemengeverwaltungen oder Servicer vun Etablissements publics, Offices sociaux asw. sinn hei och net mat ageschloss).

An der Äntwert op d’Fro n°1709 vun 2021 gouf geschriwwen, datt d’Gestioun vun de Reklamatiounen eng Aufgab vun de respektive Verwaltungen ass. D’Decisioun fir e Call Center anzeriichten, oder e Weiderleede vun den Telefonen op eng Standardnummer ëmzeleeden, läit och an der Verantwortung vun de jeeweilegen
Administratiounen (Äntwert op d’Fro n°5509).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bei wéi enge staatlechen Servicer existéiert ee Call Center, un déi d’Bierger hir Froen direkt un ee Beamten kënne stellen?

  2. 2019 waren iwwer 711000 Uriff beim Staat erakomm. Wéi huet sech d’Unzuel un Uriff beim Staat zënterdeem entwéckelt?

  3. Wéi vill schrëftlech Reklamatiounen (Mailen, Formulairen, etc.) sinn 2023 an 2024, opgelëscht no Verwaltung, beim Staat erakomm? 

  4. Den deemolëgen DP-Minister fir den ëffentlechen Déngscht hat a senger Äntwert op d’Fro n°3756 geschriwwen:
    Dëse “Sondage de la satisfaction des usagers” soll de Verwaltungen dobäi hëllefen, Indicateuren ze schafe fir d’Zefriddenheet vun hire jeeweilegen Benotzer (Bierger an Entreprisen) vis-à-vis vun hirem Déngscht ze moossen an esou d’Qualitéit ze verbesseren. No der entspriechender Evaluatioun an eventuellen Upassunge wäert de “Sondage de la satisfaction des usagers” dann an Zukunft ee feste Bestanddeel vum Katalog vu Servicer vun der Fonction publique sinn.

    A wéi enge Verwaltungen goufen esou Feedbacksystemer oder Indikatoren opgestallt, fir d’Zefriddenheet vum Benotzer ze moossen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1890

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des
Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an
Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch