Feedback beim Staat?

Feedback vu Clienten ze kréien ass ee wichtegen Unhaltspunkt, fir eng Organisatioun kënne weiderzëentwéckelen. Ee gutt Feedbackmanagement baut dorobber op, dass d’Qualitéit vum Service net als selbstverständlech ugesi gëtt, mee an enger Interaktioun mam Client versicht gëtt, déi tatsächlech Qualitéit an de Wäert vun enger Prestatioun z’erfaassen an domadder ze verbesseren.

Am Zäitalter vum Internet fënnt d’Kommunikatioun vu Feedback awer net nëmme méi tëschent der Firma an dem Client statt. Zuelräich Internetsäiten erlaben dem Notzer eng Bewäertung iwwert ee Service ofzeginn, déi da vun de restlechen Notzer um Internet ëffentlech kann agesi ginn. Ee gutt Feedbackmanagement beschränkt sech also net ausschliisslech op intern Evaluatiounen, mee kuckt och, wat ausserhalb iwwert eng Organisatioun geschriwwen oder behaapt gëtt.

D’Devise, dass de Client Kinnek ass, gehéiert am Privatsecteur zum Verständnis vu villen Entreprisen. Wat fir Privatentreprise gëllt, sollt eigentlech och fir d’Verwaltungen an d’Etablissements publics am ëffentleche Sektor gëllen, déi vun de Steiergelder vum Bierger finanzéiert ginn an dem Bierger ze déngen hunn.

Schlecht Online-Bewäertungen sollten dofir och vun ëffentlechen Entitéiten consideréiert an evaluéiert ginn. De Centre Commun de la Sécurité Sociale (CCSS) huet op Google a just mol 28 Rezensioune een Duerchschnëtt vun 2,5 vu 5 Stäre krut. D’CCSS huet op keng vun dëse Kriticke reagéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Verfollegen d’Verwaltunge vum Staat an d’Etablissement publics d’Bewäertungen, déi am Internet iwwert si geschriwwe ginn? 
    • Falls jo, wéi ee Suivi gëtt dëse Bewäertunge ginn?
    • Falls nee, firwat gëtt kee Suivi vun dëse Bewäertunge gemaach? Consideréiert d’Regierung esou Bewäertungen als relevant?
  2. Erhiewen déi eenzel Verwaltungen an Etablissements publics Donnéeën, déi d’Zefriddenheet vum Bierger mat de jeeweilege Servicer moossen? 
    • Falls jo, wéi gëtt d’Zefriddenheet vum Bierger mat de Servicer vum Staat gemooss? 
      • Sinn dës Donnéeë public a falls jo, wou kann de Bierger dës agesinn? 
      • Wéi eng Verwaltungen an Etablissements publics moossen d’Zefriddenheet vum Bierger mat der Prestatioun vum?
  3. Wéi eng Feedbackkanäl stinn dem Bierger aktuell op, fir seng Kritik un enger Verwaltung ze äusseren a wéi gëtt d’Anonymitéit vum Bierger iwwert dës Kanäl assuréiert? 
    • Falls keng Kanäl bestinn, plangt d’Regierung d’Aféierung vu Feedbackmechanismen?  
      • Falls jo, wéi eng a fir wéi eng Servicer?
      • Falls nee, firwat net?
  4. Ugesiichts vun de schlechte Bewäertungen op Google vun der CCSS:
    • Kann de Minister fir Sozialversécherung Etüde virleeën, déi d’Zefriddenheet vum Bierger gemooss hunn? 
    • Wéi eng sinn déi 5 gréisste Kritikpunkte vum Bierger un dee Servicer vun der CCSS? Falls keng Kriticken erhuewe oder ausgewäert goufen, firwat net?

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de