Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Kanner a Fäll vu Scheedungen

Am Fall vu Scheedungen huet d’Lëtzebuergescht Recht virgesinn, dass d’Autorité parentale un ee vun den zwee Elterendeeler iwwergeet. Heibäi soll de Riichter d’Interessen an d’Wuel vum Kand berécksiichtegen. Logescherweis geet et de Familljen am Beschten, wann de Papp an d’Mamm, trotz der Scheedung, zesummeschaffen an d’Wuel vun hirem Kand als éischt Prioritéit setzen. An där Konstellatioun ass et och am Gesondsten, wann d’Autorité parentale bei béiden Elterendeeler bleift. Op guichet.lu steet geschriwwen
“En tout cas, l’autorité parentale peut être exercée en commun par les 2 parents non mariés s’ils en font la déclaration conjointe devant le juge des tutelles.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Scheedunge goufen et an de leschten 10 Joer?

  2. Wéi oft gouf bei Scheedungen decidéiert, dass d’Autorité parentale bei béiden Elterendeeler bleift?

  3. Wéi oft gouf bei Scheedungen een Droit de Garde alterné ausgeschwat?

  4. Wéi ass et am Fall vu problematesche Scheedungen, wou kee Konsens tëschent den Elteren do war:
    • wéi oft gouf bei Scheedungen decidéiert, dass d’Autorité parentale un d’Mamm iwwergeet a wéi oft goung d’Autorité parentale un de Papp ?
    • wéi oft gouf bei Scheedungen den Droit de Garde un d’Mamm ginn a wéi oft un de Papp?

    Existéiert hei ee Biais oder eng Tendenz, dass d’Autorité parentale oder d’Garde méi oft un ee Geschlecht vergi ginn? Falls jo, wourobber ass dëst zeréckzeféieren?

  5. Betreffend dem Besuchsrecht vun den Elteren (droit de visite) a Scheedungsfäll:
    • Wéi laang kann engem Elterendeel d’Besuchsrecht vun engem Riichter oder vun de Servicer, déi dem Riichter ënnerstinn, entzu ginn?
    • Existéiere Fäll, wou Elterendeeler méintelaang oder jorelaang net méi d’Kanner hunn dierfe besiche goen? Falls jo, wéi eng Gravitéit muss heifir virleien?
    • De Riichter chargéiert heiansdo extern Servicer, fir d’Modalitéite vum Besuchsrecht festzeleeën an d’Visitten z’organiséieren. Wéi een Handlungsspillraum hunn dës Servicer, déi duerch de Riichter beoptraagt goufen, a wéi eng Modalitéite kënne si festleeën? Wéi wäit dierfen si d’Besuchsrecht vun engem Elterendeel heibäi aschränken, ouni de Riichter ze consultéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 808

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll