Krypto-Verméigen beim Staat

Op der Plattform Blocktrainer.de ass ze liesen, dass Däitschland tëschent Juni a Juli 2024 ronn 50000 BTC (Bitcoin-Unitéiten) verkaf huet, déi se am Kader vun engem Strofprozess géint d’Streaming-Plattform movie2kkonfiszéiert hat. Dës 50000 BTC goufe fir ronn 2,5 Milliarden Euro verkaf, mee wären elo ronn 4,3 Milliarden Euro wäert (+65%), wann d’Regierung sech net fir ee Verkaf entscheet hätt. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill BTC sinn aktuell am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat a wat ass de Wäert vun dësen um haitegen Dag?
  2. Wéi eng aner Kryptowärungen sinn nach am Besëtz vum Staat a wat ass de Wäert vun dësen (um haitegen Datum?)
  3. Wéi eng a wéi vill Kryptowärungen ginn aktuell beim Bureau de Gestion des Avoirs vum Staat verwalt a wat ass den EURO-Wäert dovunner? 
  4. Wéi vill a wéi eng Kryptowärungen goufen an de leschte Joren zu Lëtzebuerg verkaf a wéi vill Euro sinn domadder an d’Staatskeesen gefloss (opgelëscht pro Joer) ? 

CHD

Fro n°1529

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt