Kriminalitéit a Frankräich

“Die Drogenkriminalität in Frankreich eskaliert”. 
Esou titelt d’WORT een Artikel vum 4te November 2024. Queesch duerch d’Land wier een Ustieg un organiséierter Kriminalitéit zesumme mam Drogenhandel z’erkennen, wat d’Sécherheetslag vum Land op d’Prouf stellt. Virun engem Joer gouf et och hei op der lëtzebuergesch-franséicher Grenz Situatiounen, wéi zum Beispill d’Schéisserei zu Villerupt oder de Beschoss vun engem RGTR-Linnebus op Mont-Saint-Martin.

  1. Wéi eng Auswierkungen huet d’Sécherheetslag a Frankräich op eist Land?
  2. Wéi eng Moossnahmen goufen an de leschten zwee Joren ënnerhol, fir d’Zesummenaarbecht vun der Police a Justiz an der Groussregioun ze verbesseren? 
  3. Wéi eng weider Moossnahmen si geplangt? 
  4. Wäerten d’Gemengen, déi op de Grenze leien, wéi zum Beispill Péiteng, als direkt betraffe Gemengen, an Zukunft méi Beamten kréien?

CHD

Fro n°1475

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt