Kompetenzkonfusioun tëschent Gemengerot a Mobilitéitsministère

An der Gemeng Péiteng gouf et eng Konfusioun ëm d’Kompetenz vum Gemengerot betreffend enger Decisioun zur Gestioun vum Stroosseverkéier. Esou hat d’Gemengeverwaltung, ouni de Vott vum Gemengerot iwwert eng Ännerung vum Règlement général de la circulation ofzewaarden, d’Beschëlderung op verschiddene Stroossen en aval scho geännert. De Gemengerot huet de Vott den 31te Mäerz geholl, also nodeems d’Beschëlderung schon en place war. An enger schrëftlecher Äntwert vum 2te Juni 2025 op eng Fro vum Gemengeconseiller Chris Bernard (Referenz : 2025.66625.SECR) schreiwen déi politesch Responsabel: “Jo, mir konnten dat maache well an dësem Fall d’Reglementatioun, mat oder ouni Signalisatioun, souwisou déi selwecht war. D’Signalisatioun gouf installéiert, well dëst eng nei Uweisung vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics war.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass d’Virgoen vun der Gemengeverwaltung juristesch richteg an huet déi Beschëlderung dierfte gemaach ginn, ouni dem Gemengerot säi Vott heizou ofzewaarden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2462

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen