Kontrollen duerch d’Notairë beim Verkaf vun Immobilien

Duerch een Akt beim Notaire geet eng Immobilie vun enger Hand an déi nächst. Den Notaire këmmert sech beim Verkaf ëm d’Rechtméissegkeet vun enger Vente a setzt d’Pabeieren op.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi fern mussen Notairë kontrolléieren ob hinne kee Fall vu blanchiment virläit? Wat fir Prozedure mussen hei agehale ginn?

  2. Am Fall wou eng Immobilie wäit ënnert Maartpräis soll de Besëtzer wiesselen, wat fir Prozedure mussen d’Notairen anhalen, fir ze kontrolléieren, dass dee Moment kee Bedruch virläit?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7092

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt