Qualitéitskontrollen an Alters- a Fleegeheemer

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 5598 huet d’Madamm Ministesch Folgendes zur Qualitéitskontroll an den Alters- a Fleegeheemer gesot:
“Wat d’Kontroll vun der Versuergung vun de Bewunner ugeet, sou geschitt déi am Kader vun der Fleegeversécherung duerch d’Equipe vum Service Qualité vun der AEC déi um Terrain an un Hand vu 5 Qualitéitsindicateuren déi am Règlement grand-ducal vum 13. Dezember 2017 definéiert sinn, administrativ Stéchprouwe mécht betreffend d’Qualitéit vun der Versuergung vun de Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kontrolle goufen, opgeschlësselt no Joer an Institutioun säit dem a Kraaft triede vu Règlement grand-ducal vum 13. Dezember 2017 an Alters- a Fleegeheemer gemaach?

  2. Ginn dës Kontrollen am Viraus bei de Geranten vun den Haiser ugemellt?

  3. Wéi vill Qualitéitsproblemer goufen iwwert dëse Wee pro Joer opgedeckt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5689

Äntwert

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt