Kontrolle vun der ITM

Op Chantiere gi reegelméisseg Kontrollen duerchgefouert, dës kënne vun der Police oder der ITM gemaach ginn. Gëtt d’Kontroll vun engem Beamte vun der Police Grand-Ducale duerchgefouert, ass et üblech, dass Persounen, déi verdächtegt ginn, un enger Infraktioun bedeelegt ze sinn, iwwert hir Verdeegungsrechter informéiert ginn. Dozou gehéiert d’Recht ze schweigen, net ze kooperéieren an sech net selwer ze belaaschten. D’Beamte kënnen eng Persoun also duerno ënner Ëmstänn net méi ouni Weideres esou einfach interrogéieren, well eng concernéiert Persoun op hir Rechter zréckgräift.

Am Kontext vun der Aarbecht vun der ITM ass et bekannt, datt hir Inspekteren Infraktiounen am Code du Travail feststellen, déi och zu Sanktiounen, wéi am Gesetz virgesinn, féiere kënnen. Och si kënne Persounen, déi verdächtegt ginn, un enger Infraktioun bedeelegt ze sinn, interrogéieren.

  1. Hunn d’Inspektere vun der ITM déi selwecht Direktiv fir Persounen, déi verdächtegt ginn, un enger Infraktioun bedeelegt ze sinn, iwwer hir Rechter z’informéieren an dëst ze dokumentéieren?
    • Wann jo, wéi gëtt dëst dokumentéiert?
    • Wann nee, firwat ginn dës Grondrechter net respektéiert?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt