Kontrolle bei den Zänndokteren

 Am rezente Fall, wou een Zänndokter liewenslänglech Beruffsverbuet zu Lëtzebuerg krut, ass erauskomm, dass d’Sterilisatioun vum Material net fachgerecht gemaach ginn ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass gesetzlech vu Maschinnen oder soss Material fir d’Sterilisatioun an engem Zänndokteschcabinet virgeschriwwen?

  2. Kontrolléiert de Gesondheetsministère (oder en anere Ministère) bei der Ouverture vun engem neien Zänndokteschcabinet, ob all d’Material (Maschinnen) fir d’Sterialisatioun sur place ass, gesetzeskonform ass a funktionéiert?

  3. Kontrolléiert de Gesondheetsministère (oder en anere Ministère) och bei alle scho bestoenden Zänndokteschcabineten, ob all d’Material (Maschinnen) fir d’Sterilisatioun sur place ass, gesetzeskonform ass a funktionéiert?
    • Wa jo, wéi reegelméisseg ginn dës Kontrolle gemaach?
    • Wa nee, wëll d’Ministesch hei Ännerunge virhuelen?

  4. Sinn all dës Kontrollen annoncéiert oder net?

  5. Wéi eng Sanktioune gi gesprach, wann en Zänndokteschabinet net konform ass?

  6. Wéi vill Cabinete waren an deene leschten 10 Joren net konform wat d’Material an d’Sterilisatiounen ugeet (Zuele pro Joer)? Goufen an all dëse Fäll Sanktioune gesprach?

  7. Wéi laang dauert am Schnëtt d’Prozedur vum Constat de non-conformité bis zum Beruffsverbuet oder der Fermeture définitive vum Cabinet?

  8. Risquéiert de Staat am Kader vun der Responsabilité civile (mat) responsabel ze sinn, wa Patienten ee Schued entsteet, wärend eng Prozedur géint een Dokter oder ee Cabinet leeft?

  9. Hu scho Patienten de Staat a sou engem Dossier viru Geriicht ugesicht (Responsabilité civile)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 381

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt