De Sigi (Syndicat intercommunal de gestion informatique) kënnt net méi aus den Negativ-Schlagzeilen eraus. Et geet em eng schlecht Gestioun vu Projeten, eng onduerchsiichteg Handhabung vum Budget, eng katastrophal Personalpolitik, en immens groussen Turnover, d’Grënnung vun enger Stëftung, déi anscheinend kee brauch, asw. Alles dat ass nozeliesen an der Press, verschidde Gemengen hu sech schonn zu Wuert gemellt an et gouf och schonn e Pressecommuniqué an eng Krisesëtzung vum Kommitee vum Sigi, wou ëmmerhin 15 Gemengen drasetzen.
D’Piratesektioun vu Péiteng suivéiert déi Entwécklung ganz genee. Direkt nom Erschéngen vun den éischten kriteschen Artikelen huet de Marc Goergen, Deputéierten a Gemengeconseiller vu Péiteng reagéiert an den Dossier Sigi op den Ordre du jour vun der Chambers-Kommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten setze gelooss. Déi Sitzung huet entretemps och scho stattfonnt, och wann do elo nach net immens vill Neies erauskomm ass.
Den 11te Juli ass am Péitenger Gemengerot, op d’Demande vun den zwee Conseilleren vun de Piraten hin, doriwwer geschwat ginn. Eng gutt Geleeënheet fir de Marc Goergen fir nach eng Kéier op verschidde Mëssstänn hinzeweisen, schliisslech ass Péiteng eng vun de gréisste Gemengen aus dem Land an ee vun de gréisste Beitragsbezueler vum Sigi.
Eng Fuerderung vun de Pirate war – an de Gemengerot huet sech dësem Virschlag ugeschloss – en onofhängegen Audit souwuel iwwert d’Finanzgebaren wéi och iwwert d’Personalpolitik vum Sigi anzefuerderen, an zwar ënnert der Responsabilitéit vum Comité, an net “im stillen Kämmerlein”. Déi Péitenger Piraten, wéi d’Piraten allgemeng, fuerderen méi Transparenz an allen Dossieren an op allen Ebenen. De Sigi gehéiert dozou.