Kontroll vu Sozialwunnengen: dierf een einfach esou eran?

 An engem WORT-Artikel vum 6ten Dezember gouf beriicht, dass ee Sozialaarbechter am Kader vun enger Kontroll ouni Ukënnegung an eng Wunneng gaangen ass, dëst wärend der Ofwiesenheet vum Locataire. En huet vun der Situatioun profitéiert, dass d’Kand vum Locataire – mannerjäreg – dobausse gespillt huet an de Schlëssel vun der Wunneng bei sech hat. En huet dunn d’Kand aktiv ugeschwat an du gefrot, fir d’Dier vum Appartement opzemaachen. Wéi d’WORT beriicht:
“Meine Frau und ich waren auf der Arbeit. Mein elfjähriger Sohn spielte draußen, meine 16-jährige Tochter war gerade in der Dusche“. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Dierfen d’Aarbechter vu Gemengen oder vun ëffentleche Promoteuren (z.B. Fonds du Logement) ouni d’Präsenz vum Locataire, ouni d’Präsenz vun den Elteren (dem Locataire) eng Wunneng kontrolléiere goen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1684

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen