Kontroll vu Iwwerwaachungs- a Spionagesoftware

Context:Aktualitéitsstonn iwwert de Spionageskandal mat der Software “Pegasus”

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Duerch d’Opklärungsaarbecht vun engem internationale Journalistennetzwierk ass un d’Luucht komm, dass déi israelesch Firma NSO Group eng Spionage-Software mam Numm “Pegasus” u staatlech Organisatioune verkeeft.
  • D’Software gëtt, laut NSO, ausschliisslech u staatlech Institutioune verkaf, déi an der Terrorismusbekämpfung aktiv sinn.
  • D’Spyware kann iwwert een “Zero Click Exploit” op Handyen installéiert an deinstalléiert ginn, ouni, dass de Besëtzer dovunner eppes matkritt. Esou kënnen d’Affer ausspionéiert ginn, ouni, dass si eppes dovunner matkréien.
  • D’Spyware gouf net nëmme fir d’Bekämpfung vun Terrorismus benotzt, mee och op Handye vu Journalisten, Mënscherechtsaktivisten an Oppositiounspolitiker erëmfonnt.
  • Wéinst der Confidentialitéit ronderëm d’Spyware ass net gewosst, ob lëtzebuergesch Journalisten, Mënscherechtsaktivisten a gewielte Volleksvertrieder ausspionéiert ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. an enger Kommissiounssëtzung am Huis clos den Deputéierten Informatiounen ze liwweren iwwert den Akaf an d’Benotzung vun Iwwerwaachungs- a Spionagesoftware duerch d’Justiz an d’Exekutiv.

Dës Motioun gouf mat 56 géint 4 Stëmmen ofgeleent.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt