Kontrakt mat privater Sécherheetsfirma verlängert

D’Stater Gemeng huet ugekënnegt, d’Verträg mat enger privater Sécherheetsfirma bis de 15ten November ze verlängeren. De Notze vun de private Sécherheetsfirmen ass net onëmstridden. Dowéinst haten d’Justizministesch an de Minister fir bannenzeg Sécherheet an hirer Äntwert d’der parlamentarescher Fro n°3574 erkläert :  

“De Justizministère huet am Kader vun der Ausübung vu senge Missioune laut dem Gesetz vum 12ten November 2002 gefrot Asiicht an d’Dokumentatioun ronderëm déi vill diskutéiert Kontrakter vun enger Sécherheetsfirma mat zwou Gemengen ze kréien an huet déi Dokumenter och krit. Si ginn aktuell analyséiert.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Analyse vun den aktuelle Kontrakter ofgeschloss? Falls jo, wat sinn d’Schlussfollgerungen déi de Justizministère aus dëser Analys zitt?

  2. Gedenkt de Justizministère och de Kontakt dee vum 15.05 bis de 15.11.2021 leeft, z’analyséieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4179

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt