Komplett geimpft reesen – Nofro

Den 10ten August hu mir eng parlamentaresch Fro zum Thema Auslandsreese fir geimpfte Persounen un d’Madamm Gesondheetsministesch gestallt (Fro N°4822). An der Fro goung et virun allem ëm d’Arees an d’USA. D’Wäisst Haus huet dës Woch matgedeelt, dass den “Air Travel Ban” fir geimpften Europäer soll am November ewech falen.  Allerdéngs stellt sech d’Fro, wéi eng Persounen fir d’Amerikaner als geimpft gëllen. Vaccinë wéi dee vun AstraZeneca ginn an den USA z. B. net genotzt. Zu Lëtzebuerg goufe Stand 6.09.2021 awer 110’750 Dose vun dësem Vaccin versprëtzt.

An der Washington Post heescht et haut dozou:  

“It also is not clear whether vaccines that have not been authorized in the United States, such as the Oxford-AstraZeneca shot or vaccines made by China and Russia, will be accepted. That will be determined when the details of the new rules are hammered out by federal agencies, White House aides said.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann d’Madamm Ministesch eis Detailer zu den Areeskonditiounen an d’Vereenegt Staten nennen? Falls net, wäert den EU-USA Aarbechtsgrupp zu dësem Thema eng gemeinsam Positioun ausschaffen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4996

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt