Firwat kréien Leit mat engem Handicap wärend 3 Méint hier Suen net bezuelt?

Laut dem Aktivitéitsrapport 2019 vum FNS goufen Enn 2019 3.090 Persounen duerch den FNS mam Revenu pour personnes gravement handicapées (RPGH) indemniséiert.

Den RPGH bedréit aktuell 1.502,91 € (n.i. 834,76) an ass domadder méi niddreg wéi d’Mindestpensioun no 480 Cotisatiounsméint ass. Dës bedréit aktuell 1.892,77 €.

Wann eng Persoun déi den RPGH krut an d’Pensioun antrëtt, da kann et virkommen, datt se ee Bescheed kritt, datt d’Pensioun wärend 3 Méint abehale gëtt, fir eventuell Réckfuerderunge vum FNS auszegläichen. Dëst, well net garantéiert ass, datt den FNS d’Paiemente mat Zäite stoppt, wat dozou féiere kéint, datt d’Pensiounskeess (CNAP) eventuell kéint “duebel” ausbezuelen.

Wëssend, datt den RPGH mindestens 389,86 € méi niddreg ass wéi d’Mindestpensioun no 40 Déngschtjoren, reduzéiert dës Prozedur also wärend 3 Méint d’Akommes vu Leit, déi esou schonns mat engem klengen Akommes liewe mussen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen, déi den RPGH kruten, sinn an deene leschte 5 Joer (opgelëscht pro Joer) no 40 Cotisatiounsjoren an d’Pensioun gaangen?

  2. A wéi ville Fäll huet d’CNAP eng Entscheedung getraff fir d’Pensioun anzehalen?

  3. Géif et dem Ministère sënnvoll erschéngen, datt wéinstens den Differenzbetrag tëscht der Pensioun, déi zousteet, an dem RPGH, (respektiv der Mindestpensioun an dem RPGH) direkt auszebezuelen amplaz déi ganz Pensioun anzebehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2787

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen