Kommunikatioun EU-Kommissioun / Regierung

Den Thierry Breton, fréiere franséische Kommissär, schreift a sengem Récktrëttsbréif, deen en haut verëffentlecht huet, datt Frankräich e méi wichtege Portefeuille proposéiert krut fir hire Kandidat z’änneren. Hien schreift: «A few days ago, in the very final stretch of negotiations on the composition of the future College, you asked France to withdraw my name – for personal reasons that in no instance you have discussed directly with me – and offered, as a political trade-off, an allegedly more influential portfolio for France in the future College.»
Lëtzebuerg huet de Christophe Hansen als Kandidat fir Kommissär nominéiert, dëst no engem Gespréich tëscht dem Premier an der Madamm von der Leyen. Dëst huet ënnert anerem zu der Drohung vun den europäesche Sozialiste gefouert, d’Kommissioun duerchfalen ze loossen, sollt den Nicolas Schmit, hiren europäesche Spëtzekandidat an aktuelle Kommissär fir Lëtzebuerg, kee Rôle an der nächster Kommissioun kréien.
Och POLITICO schreift: «Breton accused von der Leyen of offering France a more influential portfolio if Macron switched candidates, a tactic she has reportedly tried with smaller EU member countries.»

  1. Krut d’Regierung – änlech wéi Frankräich – proposéiert de Kandidat Hansen z’ersetzen am Tausch géint ee bessere Portefeuille?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt