Kommissioune däerfen net gläichzäiteg stattfannen!

 

D’Piraten hunn dem Chamberspresident ee Bréif geschriwwen, well d’parlamentaresch Kommissiounen oft gläichzäiteg stattfannen a froen des ze ännere well d’Deputéierten hier Flicht eng gutt a konstruktiv parlamentaresch Aarbecht ze maachen net erfëlle kënnen. 

Här President

Aus Respekt virun de Memberen vum Parlement bieden mir Iech bei de Presidenten an de Presidentinnen vun de verschiddenen parlamentareschen Kommissiounen d’Wuert ze ergräifen fir d’Iwwerschneidungen vun de Sëtzungen wann et nëmmen Méiglech ass ze vermeiden.
 
Ganz oft sinn e puer Sëtzungen vun de parlamentareschen Kommissiounen gläischzäiteg an dann ass et net méiglech un all de Kommissiounen wou mer Member sinn deelzehuelen.
 
Mir géifen Iech bieden, fir déi reegelméisseg Kommissiounen fest Plagen festzeleeën an déi ëffentlech op der Säit vun der Chamber ze publizéieren. Fest Plagen géing den Deputéierten entgéint kommen fir hire Planning besser am viraus ze geréieren. D’Publikatioun vun den Plagen op der Internetsäit vun der Chamber garantéiert méi Transparenz géigeniwwer de Bierger.
 
Mir gesinn dat net nëmmen fir eis als Sensibilitéit problematesch mee och fir all Fraktioun. D’Députéierten vun all Fraktioun mussen d’Méiglechkeet hunn eng qualitativ Héischwäerteg Aarbecht ze leeschten.
 
 
Matt déiwem Respekt
 
  
Sven Clement                            Marc Goergen
Députéierten                             Députéierten

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene