Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet & Verdeedegung – Punkt fir op den OJ

D’Police huet eng vun de wichtegsten Aufgaben an eiser Gesellschaft.

Polizist sinn ass eng grouss Verantwortung an erfuerdert vill Disziplin, Duerchhalverméigen an och Talent, fir mat heiansdo immens schwierege Situatiounen ëmzegoen. 

D’Piraten hunn eng gemeinsam Sëtzung an der Chamber mat der Policegewerkschaft ugefrot, fir iwwer d’Aarbechtssituatioun an d’Sécherheet vun der Police an de Respekt géigeniwwer de Polizisten am Alldag ze schwätzen. 

—–

Här President,

Ech géif Iech bieden, dëse Bréif un d’Presidentin vun der Commission de la Sécurité intérieureet de la Défense weiderzeleeden.

Ugesiichts vu verschiddene Virkommessen an de leschte Wochen, wou Polizisten op verschiddene Platzen am Land beleidegt an ugegraff gi sinn, freet d’Sensibilité Politique Piraten, esou wéi den Artikel 23 (3) vun eisem Chambersreglement et virgesäit, fir ee Punkt op den Ordre du Jour vun enger nächster Kommissiounssëtzung ze setzen, fir iwwert d’Aarbechtssituatioun an d’Sécherheet vun der Police an de Respekt géigeniwwer de Polizisten um Terrain ze schwätzen. 

Mir wëllen, datt d’Gewerkschaft vun der Police (SNPGL) an och d’Policedirektioun dëser Reunioun bäiwunnen, fir eis d’Situatioun op sougenannten “Hotspots” ze erklären an hier Verbesserungsvirschléi ze präsentéieren.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt